Publikatiounen

2023

D’Rommel Bommel an hir Frënn

Am Optrag vun der Ecole du Goût zu Branebuerg hunn ech 4 kleng Geschichte geschriwwe fir de Kanner op eng spilleresch Manéier d’Geméis méi no ze bréngen. Mir begleeden d’Rommel Bommel, de Monsieur Petit Pois, d’Pippa Pumpkin an de Manni Mangold vum Planzen, iwwert Récolte an d’Preparatioun an der Kichen bis zum Genoss um Teller.

Illustréiert vum Lynn Cosyn, éditions Ernster, 2023, ISBN: 978-2-919892-41-9

2022

Monsieur Ramasse

Am Kader vum Projet 1001 Tonnen vun der Fotographin Jess Theis, hunn ech eng Geschicht fir Kanner ab 8 Joer geschriwwen déi op de wëlle Knascht an der Natur soll sensibiliséieren. Dëst ass erméiglecht gi mat der Ënnerstëtzung vun Esch22 an der Oeuvre National de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

D’Geschicht ass am Atelier Protégé vun Autisme Luxembourg gedréckt ginn a ka per Mail bei mir bestallt ginn: pottylottystorytime@gmail.com

Werbung
%d Bloggern gefällt das: