ABRELL 2023
22/04/2023 KANNER GESCHICHTECAFE – Manukultura, Useldeng
Am Kanner Geschichtecafé kënne Kanner tëschent 5 an 8 Joer aus dem Alldag eraus klammen an sech an der Welt vu de Geschichte verléieren. All Cours gëtt eng aner Geschicht hei vu Lëtzebuerg virgelies oder erzielt, an duerno gëtt sech an engem perséinlechem Lesetagebuch kreativ zur Geschicht fräi ausgedréckt. Dëse Cours ass co-organiséiert vun A’Musée.
14:30-16:30 Auer. Präis: 90,00 Euros fir di 6 Couren (Material & Iessen mat inclus). Informatiounen an Umeldung: pottylottystorytime@gmail.com. Et muss virum 1. Cours bezuelt ginn per Virement op de Konto vun A’Musée LU19 0019 1555 9111 4000 (BCEE) mam Numm vum Kand.
Datumer: 22/04, 06/05, 20/05, 10/06, 17/06, 01/07

24/04/2023 FORMATIOUN „Geschichte loossen Flillécke wuessen“
9:15-11:15 Auer: „Geschichte loosse Flilléken wuessen„. Engem Kand virliesen oder him eng Geschicht erzielen, stäerkt d’Bindung zum Kand an trainéiert seng Sproochentwécklung a Virstellungskraaft. Wéi kënne mer Geschichten an den Alldag abannen an d’Kanner ermonteren sech iwwer erzielte Geschichten auszedrécken. Informatioun an Reservatioun: eltereschoul@kannerschlass.lu
29/04/2023 INZENEIERT LIESUNG fir Kanner – Ettelbrécker Bibliothéik
15:00 Auer. Eng Liesung fir Kanner vun 3 Joer un. Dauer: 45 Minutten. Op Lëtzebuergesch. Zesummen entdecke mir vill verschidden Zorte Musik an wat et heescht e Kolleg ze fannen. Gratis Entrée.

MEE 2023
7/05/2023 LIESUNG FIR FAMILLJEN -OKTAVE, Stad Lëtzebuerg
Dëst Joer pligert d’Potty Lotty op d’Oktave an d’Bicherzelt vun der Erwuessebildung. Do liest hat iech dat aus dem neie Buch „Die wunderbare Suppe des Monsieur Lepron“ vum Giovanna Zoboli vir. No der Liesung wäerte mir zesummen och eng „wonnerbar“ Zopp kachen an iessen.
Fir Kanner ab 4 Joer! Keng Umeldung erfuerdert!
D’Aktivitéit fënnt dobausse statt a just, wann et net reent!
Organisatioun + Info: ErwuesseBildung / Tel.: 44743 340 / info@ewb.lu / http://www.ewb.lu

13/05/2023 KOLLABORATIV GESCHICHT um Wiichtelfest zu Ettelbréck
Kommt am hëllef dem Potty Lotty eng (oder vill verschidden) Geschichten iwwert den Ettelbrécker Wiichtel schreiwen, an zwar unhand vun enger mixed-media 3D Konschtausstellung déi dir selwer kënnt matgestalten.
Fir Familljen a Kanner ab 4 Joer. Tëschent 14:00-18:00 Auer.
JULI 2023
8/07 & 9/07 2023 LIESUNGEN, BICHERECK AN ATELIER am Schiefermusée zu Uewermartel
