Moien ech sinn d’Potty Lotty!

Moien, ech sinn d’Potty Lotty!

Meng (erfonnte) Biografie

Ech (eigentlech heeschen ech Charlotte Hermione Josphina Bettina Annabella Katarina Clara Peppington, mee dat war mir einfach ze laang!) sinn an engem klenge Schlass am Norde vun England op d’Welt komm. An zwar: an der Spënnchen! Dat hunn de Lord an d’Lady Peppington awer guer net witzeg fonnt. Och net, datt ech di ganzen Zäit topeg Lidder gesongen huet, an meng Manéieren fuerchtbar waren. Mat 7 Joer, sinn ech dann op Lëtzebuerg an een Internat geschéckt ginn. Mat 19 sinn ech a Schottland d’Zeechesprooch vun de Päiperleke studéiere gaangen. Haut reesen ech duerch Lëtzebuerg a verdénge meng Suen an deems ech de Kanner Bicher virliesen oder Geschichten erzielen. Am beschte mat enger gudder Taass Téi (mat Mëllech!) an engem leckerem Stéck Kuch (ech si jo net fir näischt an enger Spënnchen op Welt komm, gell du!).

Psst: Eigentlech ass hat een erfonnte Personnage vum Charlotte Reuter, wat zu Dikrech mat sengem Mann, sengen 3 Kanner, 2 Kazen an 2 Kanéngercher wunnt. Hat huet Literaturkomparatistik a Philosophie an England studéiert. Hat ass 1975 zu Halifax an England op d’Welt komm an huet seng 1. Nuecht zu Lëtzbuerg am September 1981 verbruecht, wéi de Monopol zu Ettelbréck gebrannt huet. Hat ass zu Furen grouss ginn an huet 1995 am Lycée Classique Diekirch seng Première gemaach. Awer net viru soen!

Wat maachen ech?

Ech hëllefe Kanner vun 3 bis 12 Joer mat alle Sënner an d’Geschichten eran dauchen. An der Schoul, op enger ëffentlecher Manifestatioun, an der Bibliothéik, je op sëllege Plazen fann dir mech mat menger Taass Téi an enger flotter Geschicht prett fir ze liesen oder z’erzielen. Erlief och du dës phantasievoll Liesanimatiounen! Ech géif mech freeën. Kontakt

Fotoen vun menge leschte Liesungen